Naturpakt Informatiouns-Seancen 2021
30.09.2021

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, myenergy an d’kommunal Naturschutz-Syndikater freeën sech Iech op regional Informatiouns- an Ënnerschrëfte-Seancen vum Naturpakt ze invitéieren.

De Programm: 

  • Begréissung 
  • Presentatioun vum Naturpakt vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg
  • Presentatioun vun der operationeller Phas vum Naturpakt vu myenergy
  • Froen an Äntwerten 
  • Ënnerschreiwe vum Naturpakt-Kontrakt oder vun engem mémorandum d’entente
  • Ofschloss mat uschléissendem Aperitif

Ech melle mech fir d’Informatiouns-Seance a menger Regioun un:

7. Oktober 2021 – 18:30 Auer

am Centre Culturel zu Wëntger, zesumme mam Naturpark Our

21. Oktober 2021 – 18:00 Auer

am Centre Culturel zu Mënsbech, zesumme mam SIAS 

28. Oktober 2021 – 18:00 Auer

am Centre Culturel “Op der Fabrik” zu Platen, Gemeng Préizerdaul, zesumme mam SICONA-Zentrum

25. November 2021 – 18:00 Auer

am Centre Culturel zu Béiwen, mat zesumme mam Naturpark Uewersauer

1. Dezember 2021 – 18:00 Auer

am Centre Culturel “A Schmadds” zu Berdorf zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall

9. Dezember 2021 – 18:00 Auer

am Centre Culturel “Beim Nëssert” zu Biergem, Gemeng Monnerech, zesumme mam SICONA Süd-Westen

Fir Froe kënnt Dir Iech gären un pactenature@myenergy.lu wenden.

Dëst Evenement fënnt am Kader vum Covid-Check statt. All Persoun, déi deelhuele wëll, muss ageschriwwe sinn an en Zertifikat virweisen, entweder ënnert digitaler Form (PDF op Ärem Handy) oder op Pabeier.

De Covid-Check-System ass e Prinzip, dee bei ëffentlechen Evenementer gëllt a just geimpften, geheelten oder negativ geteste Persounen den Zoutrëtt garantéiert.