Klima- an Naturschutz an Ärer Gemeng
09.12.2020

Klima- an Naturschutz an Ärer Gemeng – Eng virtuell Konferenz mam Carole Dieschbourg zum neien Naturpakt an zur Reform vum Klimapakt 

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung invitéiert ganz häerzlech op eng Informatiouns- an Diskussiounsveranstaltung zu den neie Méiglechkeete fir méi Natur- a Klimaschutz an Ärer Gemeng. D’Presentatioun vum neie Naturpakt an vun der Reform vum Klimapakt fënnt dëse Freiden vu 14 bis 16 Auer a Form vun engem Webinar statt. All Interesséierte ka sech iwwert de Site ëmwelt.lu oder iwwert d’Facebook-Säit vum Ministère eraclicken, an aktiv un der Diskussioun deelhuelen. 

Mam Lancement vum neien „Naturpakt“ wëll d‘Lëtzebuerger Regierung d’Gemengen encouragéieren eng aktiv Roll beim Erhalt vun eiser Biodiversitéit an am Schutz vun eisen natierleche Ressourcen z’iwwerhuelen, respektiv den aktuellen Engagement weider auszebauen. Esou gesäit den neien Naturpakt net nëmme vir, den Acteuren d’Eraklammen an den aktive Natur- a Ressourcëschutz ze erliichteren, mee och, dass déi Gemengen, déi bis elo scho vill Efforte gemaach hunn, och belount a motivéiert gi fir op dësem Pad ze bleiwen. 

Nieft dem Naturpakt ginn am Webinar och d‘Haaptpunkte vum neie „Klimapakt 2.0“ virgestallt. Nom grousse Succès vun der éischter Versioun vum Klimapakt, deen elo Enn des Joers ausleeft, huet d’Regierung decidéiert, den aktuelle Klimapakt ze stäerken an mat enger Rei un Verbesserungen ze verlängeren. 

An der virtueller Konferenz mat der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, ginn d’Modalitéite vum Fonctionnement an d'Subventionéiere vun deenen zwee Pakter virgestallt. Et ass eng ëffentlech Veranstaltung bei der jiddweree d’Méiglechkeet huet seng Froen a Reflexioune live iwwer Email eran ze schécken. 

D’Presentatioun vun den zwee Pakten kënnt dir e Freiden 11. Dezember 2020 ab 14 Auer live op emwelt.lu an op der Facebook-Säit vum Ëmweltministère suivéieren. 

D’Presentatioun eroflueden