Naturpakt-Dag 2024
Freides, den 28. Juni 2024

Umeldung

En Dag ronderëm den Naturschutz um kommunalen Niveau

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence freeë sech, Iech op den Naturpakt-Dag ze invitéieren. 

Freides, 28. Juni 2024
Zu Nidderaanwen am Centre polyvalent “A Schommesch”

De Programm: 

D’Plaze si limitéiert. Mir bieden Iech dowéinst, Iech bis de 25. Juni unzemellen. 

Ab 8:15 Auer: Accueil mat Kaffi a Croissant

8:45 - 12:00 Auer: Thematesch Visitten um Terrain

(Et kann ee sech nëmme fir eng Visitt umellen)

Visitt 1: Naturschutzgebitt “Aarnescht” (Trëppeltour vun ongeféier 5 km)

  • Visitt vum Naturschutzgebitt „Aarnescht“
  • Demonstratioun vun enger naturnoer Bewirtschaftung vum Gemengebësch duerch den Asaz vu Päerd.

•    Visitt 2: Naturschutzgebitt „Mensder Brill“ (Trëppeltour vun ongeféier 3,5 km)

  • Visitt vun der Renaturéierung vun der Sir
  • Erklärungen zu der extensiver Beweedung duerch den Asaz vu Wasserbüffelen a Biodiversitéitskontrakter am Gebitt 
  • Fräizäit fir eegestänneg d’Gebitt ze besichen (Visiteursraum, Observatiounstuerm, ...)

•    Visitt 3: Visitt vun Naturschutzprojeten am Siidlungsraum vun der Gemeng Nidderaanwen (Trëppeltour vun ongeféier 4,5 km) 

  • Projeten zesumme mat de Bierger: Gemeinschaftsgaart, didaktesche Projet  "Beiestand" 
  • Projeten zesumme mat der Gemeng: Parc d’Europe, de Liewenstuerm, verschidden Nisthilfen, ëffentlech Grënganlagen an aner Ëmsetzungen am Siidlungsraum 

•    Visitt 4: Visitt vun Naturschutzprojeten am Oppeland zu Nidderaanwen (Trëppeltour vun ongeféier 4 km) 

  • Projeten zesumme mat de Baueren: Landschaftserhalt, Biodiversitéitkontrakter, aarteräich Wisen a Biotopen, Naturschutzgebitt Aarnescht 
  • Projeten zesumme mat de Proprietären : Bongerteprojet 
  • Projeten zesumme mat der Gemeng: Feldwee-Projet, Heckeschnatt-Projet 

12:00 - 13:30 Auer: Mëttegiessen

Programm vun 13:30 bis 16:00 Auer 

  • Begréissung (Ëmweltministère, Klima-Agence a Gemeng Nidderaanwen)
  • Ried vum Minister Serge Wilmes
  • Aktualitéiten aus dem Naturpakt an allgemenge Bilan vun den Auditten (Klima-Agence, Ëmweltministère)
  • Ëmsetzungsbeispiller aus dem Naturpakt vun der Gemeng Nidderaanwen
  • Presentatioun vu verschiddene Gemengeprojeten déi ënnert anerem am Kader vum Appell à Projets “Méi Natur an eise Stied an Dierfer” ausgezeechent goufen
  • Iwwerreechung vun den Naturpakt-Zertifikatiounen

Ab 16:00 Auer : Gemeinsame Patt

D’Umeldunge fir den Naturpakt-Dag sinn zou. Bei Froe kënnt Dir Iech u communication@klima-agence.lu wenden.

Statusmeldung

Sorry… This form is closed to new submissions.